8 Seiten
4 Seiten
14 Seiten






D’’Buch “Keen ze vill um Biesemstill’ gëtt et elo och op Lëtzebuergesch. D’’Geschicht ass immens flott a super schéin illustréiert. D’’Botschaft, déi hannert der Geschicht stëcht ass ganz wäertvoll a léist sech villsäiteg am Cours asetzen. An dësem Material fannt dir de passende Wuertschatz, verschidden Übungen an Impulsfroen fir den Erzielkrees.
D’Kanner léieren de Wuertschatz anhand vu Käertercher kennen a kënnen d’’Wierder no an no op deenen éischte Säiten faarweg molen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann d’Wierder benennen an ukräizen, wat zu der Geschicht passt a wat net.
Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Geschicht huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder a Käertercher:
* D’’Déieren an d’Hex op de Biesemstill molen
* Individuell Fotoen zur Geschicht molen
* Hexenhitt gestalten
* Lauschtersätz, zu deenen dat passend Bild gepecht gëtt
* Lauschterübung, wou richteg faarweg muss gemolt ginn
* Lauschtertexter, déi mat deem passenden Bild musse verbonne ginn
* Hexebeen gestalten * Hexekesselen gestalten
* Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidden Spiller oder als Tafelmaterial benotzt kënne ginn
* Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng Äntwert drop ginn
Am Material fannt dir 1 Deckblat, 11 Aarbechtsblieder, 1 Blat mat Biller fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen.
Ech wënschen iech vill Spaass domat !
Mat ganz léiwe Gréiss
give_them_wings
An dësem Pak fannt dir 22 Dossiersen fir de Lëtzebuergeschcours:* D'Emma an de Charel rëschten de Beemchen fir Chrëschtdag* De Kleesche geet an d'Vakanz* Wochendeeg* Joreszäiten* Méint* Silvester, dat aalt an dat neit Joer* Liichtmëssdag* Vältesdag* Fuesent* Keen ze vill um Biesemstill* Fréijoer* Ouschteren* Wat krabbelt, kraucht a flitt dann do?* Am Gaart* Uebst* Geméis* Um Bauerenhaff* Mammen- a Pappendag* D'Lena an de Pit feieren Nationalfeierdag* D'Hausdéieren* An der Schoul* Den HierschtAll 22 Dossiersen sinn elo am Materialpak dran. Dëse Pak ass domadder also clôturéiert.Ech wënschen iech an äre Butzen vill Spaass mat den Dossiersen!Léif Gréissgive them wings
Klassenstufen: 1-4. Klasse
Bewertungen und Kommentare