8 Seiten
4 Seiten
14 Seiten







Den Dezember ass eng magesch Zäit a ka ganz flott am Lëtzebuergeschcours theematiséiert ginn. An dësem Material fannt dir de passende Wuertschatz, verschidden Übungen an och Impulsfroen fir den Erzielkrees.
D’Kanner léieren de Wuertschatz anhand vu Käertercher kennen a kënnen d’’Wierder no an no op deenen éischte Säiten faarweg molen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann d’Wierder benennen an ukräizen, wat zum Theema passt a wat net.
Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Theema huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder a Käertercher:
* Individuell Fotoen zum Theema molen
* Lauschtersätz zu deenen dat passend Bild gepecht gëtt
* Chrëschtbamdekoratioun molen
*E Comic zum Theema erfannen, molen an erzielen
* Lauschter-Molübung zu Rendéier, Wiichtelchen a Boxemännchen
* Stäresträife nofueren an de Code knacken Boxemännercher
* Boxemännerchen molen
* Rezept fir Boxemännercher: Zutaten an d’Reienfolleg bréngen
* Stäre molen * Dem Kleeschen säi Kuschelpullover entwerfen a gestalten * Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidden Spiller oder als Tafelmaterial benotzt kënne ginn
* Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng Äntwert drop ginn
Am Material fannt dir 1 Deckblat, 14 Aarbechtsblieder, 1 Blat mat Biller fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen.
Ech wënschen iech vill Spaass domat !
Mat ganz léiwe Gréiss
give_them_wings
Bewertungen und Kommentare