





An dësem Pak fannt dir 22 Dossiersen fir de Lëtzebuergeschcours:
* D'Emma an de Charel rëschten de Beemchen fir Chrëschtdag
* De Kleesche geet an d'Vakanz
* Wochendeeg
* Joreszäiten
* Méint
* Silvester, dat aalt an dat neit Joer
* Liichtmëssdag
* Vältesdag
* Fuesent
* Keen ze vill um Biesemstill
* Fréijoer
* Ouschteren
* Wat krabbelt, kraucht a flitt dann do?
* Am Gaart
* Uebst
* Geméis
* Um Bauerenhaff
* Mammen- a Pappendag
* D'Lena an de Pit feieren Nationalfeierdag
* D'Hausdéieren
* An der Schoul
* Den Hierscht
All 22 Dossiersen sinn elo am Materialpak dran. Dëse Pak ass domadder also clôturéiert.
Ech wënschen iech an äre Butzen vill Spaass mat den Dossiersen!
Léif Gréiss
give them wings
Beim Kenneléieren a Léiere vun de Méint fannen ech et immens wichteg de Kanner eng visuell Ënnerstëtzung unzebidden. Aus deem Grond schaffen ech an der Schoul mat dësem Tafelmaterial an dëse Puzzlestécker. All Mount ass duerch eng bestëmmt Faarf a duerch ee bestëmmt “Mounts-Männchen’ gekennzeechent. D'Méintskaarte gi plastifizéiert a mat Magnéiter versinn, sou datt d'Kanner si och selwer un der Tafel manipuléiere kënnen. D'Material eegent sech och fir d'Ateliers- oder Fräiaarbecht an der Klass. Ech setzen et och gären am Appui an. Am Material fannt dir 1 Titelkaart “D’12 Méint“, 12 Méintskaarten, 1 “aktuelle Mount-Symbol’ & 12 Méint-Puzzlestécker. Ech wënschen iech vill Spaass domat ! Mat ganz léiwe Gréiss give_them_wings
Klassenstufen: 1-2. Klasse
Mam Lena an dem Pit hirer Geschicht kann Nationalfeierdag ganz flott am Lëtzebuergeschcours theematiséiert ginn. An dësem Material fannt dir de passende Wuertschatz zur Geschicht, verschidden Übungen an Impulsfroen fir den Erzielkrees.D’Kanner kréien d’Geschicht virgelies a mierke sech anhand vu Wuertaschatzkäertercher déi éischt Infoen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann anhand vu Biller d’Reienfolleg vun der Geschicht um Lauschterwee noleeën.Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Geschicht huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder a Käertercher:* Schrëtt fir Schrëtt Moluleedungen ëmsetzen * Freedefeier molen * Liblingsszenen molen an erklären * Iwwerleeën, wéi d‘’Geschicht weidergeet * Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidden Spiller oder als Tafelmaterial benotzt kënne ginn * Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng Äntwert drop ginnAm Material fannt dir 1 Deckblat, 3 Säite Geschicht, 5 Aarbechtsblieder, 2 Blieder mat Biller fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen. Ech wënschen iech vill Spaass domat ! Mat ganz léiwe Gréiss give_them_wings
Klassenstufen: 1. Klasse, 3. Klasse
Fuesent ass eng vun den Lëtzebuerger Traditiounen, déi de Kanner immens vill Freed bréngt. An dësem Material fannt dir de passende Wuertschatz, verschidden Übungen an Impulsfroen fir den Erzielkrees.D’Kanner léieren de Wuertschatz anhand vu Käertercher kennen a kënnen d’’Wierder no an no op deenen éischte Säiten faarweg molen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann d’Wierder benennen an ukräizen, wat zum Theema Fuesent passt a wat net.Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Theema Fuesent huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder a Käertercher:* Individuell Fotoen zu der Fuesent molen * Lauschtersätz, zu deenen dat passend Bild gepecht gëtt * Lauschterübung, wou richteg faarweg muss gemolt ginn * Lauschtertexter, déi mat deem passenden Bild musse verbonne ginn * Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidden Spiller oder als Tafelmaterial benotzt kënne ginn * Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng Äntwert drop ginnAm Material fannt dir 1 Deckblat, 7 Aarbechtsblieder, 1 Blat mat Biller fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen.Ech wënschen iech vill Spaass domat ! Mat ganz léiwe Gréiss give_them_wings
Klassenstufen: 1. Klasse, 3. Klasse
D ’Fréijoer ka ganz flott am Lëtzebuergeschcours theematiséiert ginn. An dësem Material fannt dir de passende Wuertschatz, verschidden Übungen an Impulsfroen fir den Erzielkrees.D’Kanner léieren de Wuertschatz anhand vu Käertercher kennen a kënnen d’’Wierder no an no op deenen éischte Säiten faarweg molen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann d’Wierder benennen an ukräizen, wat zum Theema Fréijoer passt a wat net. Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Theema huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder a Käertercher:* Individuell Fotoen zum Fréijoer molen * Lauschtersätz, zu deenen dat passend Bild gepecht gëtt * De Wee duerch Labyrinther sichen a faarweg molen * E Comic zum Theema Fréijoerswierder erfannen a molen * Fréijoersblummen bennen an zielen * Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidden Spiller oder als Tafelmaterial benotzt kënne ginn * Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng Äntwert drop ginnAm Material fannt dir 1 Deckblat, 8 Aarbechtsblieder, 1 Blat mat Biller fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen.Ech wënschen iech vill Spaass domat! Mat ganz léiwe Gréiss give_them_wings
Klassenstufen: 1. Klasse, 3. Klasse
Bewertungen und Kommentare