4 Seiten
26 Seiten






Fir de Sënn vun Zäit an Orientéierung am Laf vum Joer z'ënnerstëtzen, fannen ech et ganz wichteg de Kanner eng visuell Hëllef unzebidden. Aus dësem Grond schaffen ech mat dësem faarwege Klassekalenner a grousser a klenger Ausféierung.
All Mount ass charakteriséiert duerch eng gewësse Faarf, typesch Mount-Charakteristiken, der wéchentlecher & deeglecher Andeelung an engem gewësse ''Mount-Männchen''. D'Plakater si kloer vir an der Klass ze gesinn an de passende ''Mount Button'' weist de Kanner wou mir genee am Mount dru sinn.
Ech printen de Kanner d'Plakater vum Kalenner an engem klénge Format fir se an ''d'Rechenmappe'' ze leeën. Sou kënne si all Dag mat mir d'Case vum Dag faarweg molen. Dës Prozedur ass en integralen Deel vun eisem Moiesritual a motivéiert d'Kanner immens, well jiddwereen de jeeweilegen Dag ka markéieren. Ausserdeem droe mir zesumme wichteg Evenementer, Gebuertsdeeg, Tester,... an, wat de Kanner e Gefill vun Zäit gëtt.
Zousätzlech gëtt et e “ Réckbléck ” fir all Mount, deen all wichteg Informatioun an Eventer vum Mount um Enn vum Mount resuméiert.
Ech hu ganz gutt Erfarunge mat dësem System gemaach, well et wierklech eng permanent Ënnerstëtzung fir d'Zäitgefill bitt. Fir Kanner aus der Spillschoul, dem Ënner- a Mëttelgrad ass d'Zäit dacks ganz abstrakt a schwéier ze verstoen. Dëst Material erliichtert hinnen den Zougang.
An dësem Material fannt dir 12 Mount-Plakater op deenen d'Schoulvakanzen a wichteg Eventer zu Lëtzebuerg schonn agedroe sinn, 12 ''Haut ass-Buttons'', déi ausgeschnidde ginn an Dag fir Dag weiderwanderen, 12 Méint-Réckblécksäiten als Aarbechtsblieder a 12 Méint-Réckblécksäiten als Aarbechtsblieder. .
Ech wënschen iech vill Spaass domadder!
Eure give_them_wings
Bewertungen und Kommentare