35 Seiten
53 Seiten
2 Materialien







D’Faarwen kënne ganz flott am Lëtzebuergeschcours theematiséiert ginn. An dësem Material fannt dir de passende Wuertschatz, verschidden Übungen an och Impulsfroen fir den Erzielkrees.
D’Kanner léieren de Wuertschatz anhand vu Käertercher kennen a kënnen d’’Wierder no an no op deenen éischte Säiten faarweg molen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann d’Wierder benennen an ukräizen, wat zum Theema Faarwen passt a wat net.
Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Theema huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder a Käertercher:
* Individuell Fotoen zum Theema molen * Lauschtersätz zu deenen dat passend Bild gepecht gëtt
* Bläistëftsfaarwen mat Hëllef vu Symboler richteg faaweg molen
* E Reebow no Uleedung faarweg molen
* Faarwe mëschen * Liewensmëttel de Faarwe no molen
* Bläistëfter gestalten
* Leon Chamäleon mat passendem Hannergrond gestalten
* Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidden Spiller oder als Tafelmaterial benotzt kënne ginn
* Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng Äntwert drop ginn
Am Material fannt dir 1 Deckblat, 11 Aarbechtsblieder, 1 Blat mat Biller fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen.
Ech wënschen iech vill Spaass domat !
Mat ganz léiwe Gréiss
give_them_wings
Bewertungen und Kommentare