4 Seiten
26 Seiten
21 Seiten






Mammen- a Pappendag si fest Bestanddeeler an eisem Kalenner a Fester, déi mir immens gär feieren. Eis Gesellschaft ass immens vielfälteg a komplex ginn a Mammen- an och Pappendag sollt ganz sensibel a reflektéiert an der Schoul behandelt ginn. Well op vill verschidden Manéieren gefeiert gëtt - verschidde Kanner ouni hir Mamma oder ouni hire Pappa musse feieren - ass dëst Heft ganz neutral opgebaut a kann ganz ënnerschiddlech interpretéiert a gestalt ginn.
Um Deckblat gëtt ausgefëllt, fir wien d’Heftchen ass: „Haut feieren ech dech, Mamma, Pappa, Boma, Bopa, Virnumm, ...“ Dono gëtt et nach eng Rëtsch kreativ Aarbechtsblieder:
* Steckbréif ausfëllen
* Portrait molen * Individuell Fotoe molen
* Bongen entwerfen a gestalten
* Komplimenter an d’Häerzercher molen a schreiwen
* E Bléck an d’Zukunft mat der Zauberkugel geheien
* Sech Kaddoen, déi net ze bezuele sinn, ausdenken
* A Biere molen oder schreiwen, wat een vuneneen geléiert huet
* E Comic erfannen a gestalten
* Merci, datt s du mir hëllefs ze wuessen-Blieder fëllen
* Seefeblose mat Wënsch fëllen
* D’Diplom fir déi ALLERBESCHT dekoréieren
* Merci-Käertercher
Am Material fannt dir 1 Deckblat, 12 Aarbechtsblieder, 12 Merci-Käertercher.
Ech wënschen iech vill Spaass domat !
Mat ganz léiwe Gréiss
give_them_wings
An dësem Pak fannt dir 22 Dossiersen fir de Lëtzebuergeschcours:* D'Emma an de Charel rëschten de Beemchen fir Chrëschtdag* De Kleesche geet an d'Vakanz* Wochendeeg* Joreszäiten* Méint* Silvester, dat aalt an dat neit Joer* Liichtmëssdag* Vältesdag* Fuesent* Keen ze vill um Biesemstill* Fréijoer* Ouschteren* Wat krabbelt, kraucht a flitt dann do?* Am Gaart* Uebst* Geméis* Um Bauerenhaff* Mammen- a Pappendag* D'Lena an de Pit feieren Nationalfeierdag* D'Hausdéieren* An der Schoul* Den HierschtAll 22 Dossiersen sinn elo am Materialpak dran. Dëse Pak ass domadder also clôturéiert.Ech wënschen iech an äre Butzen vill Spaass mat den Dossiersen!Léif Gréissgive them wings
Klassenstufen: 1-4. Klasse
Bewertungen und Kommentare