4 Seiten
26 Seiten
21 Seiten







De Gaart ka ganz flott am Lëtzebuergeschcours theematiséiert ginn. An dësem Material fannt dir de passende Wuertschatz, verschidden Übungen an Impulsfroen fir den Erzielkrees.
D’Kanner léieren de Wuertschatz anhand vu Käertercher kennen a kënnen d’’Wierder no an no op deenen éischte Säiten faarweg molen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann d’Wierder benennen an ukräizen, wat zum Theema Gaart passt a wat net.
Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Theema huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder a Käertercher:
* Verschidde Blumme gestalten & molen
* Individuell Fotoen zum Theema molen
* Lauschtersätz, zu deenen dat passend Bild gepecht gëtt
* Dëppen mat verschidde Planzen gestalten & molen
* E Comic zum Theema erfannen a molen
* Gaardenzwergen a Zwergenhaus zielen an Unzuel opschreiwen
* Lauschtertexter zu deenen gemoolt gëtt
* Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidden Spiller oder als Tafelmaterial benotzt kënne ginn
* Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng Äntwert drop ginn
Am Material fannt dir 1 Deckblat, 10 Aarbechtsblieder, 1 Blat mat Biller fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen.
Ech wënschen iech vill Spaass domat !
Mat ganz léiwe Gréiss
give_them_wings
An dësem Pak fannt dir 22 Dossiersen fir de Lëtzebuergeschcours:* D'Emma an de Charel rëschten de Beemchen fir Chrëschtdag* De Kleesche geet an d'Vakanz* Wochendeeg* Joreszäiten* Méint* Silvester, dat aalt an dat neit Joer* Liichtmëssdag* Vältesdag* Fuesent* Keen ze vill um Biesemstill* Fréijoer* Ouschteren* Wat krabbelt, kraucht a flitt dann do?* Am Gaart* Uebst* Geméis* Um Bauerenhaff* Mammen- a Pappendag* D'Lena an de Pit feieren Nationalfeierdag* D'Hausdéieren* An der Schoul* Den HierschtAll 22 Dossiersen sinn elo am Materialpak dran. Dëse Pak ass domadder also clôturéiert.Ech wënschen iech an äre Butzen vill Spaass mat den Dossiersen!Léif Gréissgive them wings
Klassenstufen: 1-4. Klasse
Bewertungen und Kommentare