





Beim Kenneléieren a Léiere vun den Joreszäiten fannen ech et immens wichteg de Kanner eng visuell Ënnerstëtzung unzebidden. Aus deem Grond schaffen ech an der Schoul mat dësem Tafelmaterial an dëse Puzzlestécker.
All Joreszäit ass duerch eng bestëmmt Faarf a duerch ee bestëmmt “Joreszäite-Männchen’ gekennzeechent. D'Joreszäitekaarten gi plastifizéiert a mat Magnéiter versinn, sou datt d'Kanner si och selwer un der Tafel manipuléiere kënnen. D'Material eegent sech och fir d'Ateliers- oder Fräiaarbecht an der Klass. Ech setzen et och gären am Appui an.
Am Material fannt dir 1 Titelkaart “D’Joreszäiten“, 4 Joreszäite-kaarten, 1 “aktuell Joreszäit-Symbol’ & 4 Joreszäitekaarten- puzzlestécker.
Ech wënschen iech vill Spaass domat !
Mat ganz léiwe Gréiss
give_them_wings
An dësem Materialpak fannt dir d'Joreszäiten, d'Meint an d'Wochendeeg als Tafelmaterial a Puzzlestécker.
Klassenstufen: 1-2. Klasse
An dësem Pak fannt dir 22 Dossiersen fir de Lëtzebuergeschcours:* D'Emma an de Charel rëschten de Beemchen fir Chrëschtdag* De Kleesche geet an d'Vakanz* Wochendeeg* Joreszäiten* Méint* Silvester, dat aalt an dat neit Joer* Liichtmëssdag* Vältesdag* Fuesent* Keen ze vill um Biesemstill* Fréijoer* Ouschteren* Wat krabbelt, kraucht a flitt dann do?* Am Gaart* Uebst* Geméis* Um Bauerenhaff* Mammen- a Pappendag* D'Lena an de Pit feieren Nationalfeierdag* D'Hausdéieren* An der Schoul* Den HierschtAll 22 Dossiersen sinn elo am Materialpak dran. Dëse Pak ass domadder also clôturéiert.Ech wënschen iech an äre Butzen vill Spaass mat den Dossiersen!Léif Gréissgive them wings
Klassenstufen: 1-4. Klasse
Bewertungen und Kommentare