4 Seiten






De Fussball ka ganz flott am Lëtzebuergeschcours theematiséiert ginn. An dësem Material fannt dir de passende Wuertschatz, verschidden Übungen an Impulsfroen fir den Erzielkrees.
D’Kanner léieren de Wuertschatz anhand vu Käertercher kennen a kënnen d’’Wierder no an no op deenen éischte Säiten faarweg molen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann d’Wierder benennen an ukräizen, wat zum Theema Fussball passt a wat net.
Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Theema huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder a Käertercher:
* Individuell Fotoen zum Theema Fussball molen
* Lauschtersätz, zu deenen dat passend Bild gepecht gëtt
* Fussbäll gestalten
* E Comic zu enger Fussballsgeschicht erfannen a molen
* Lauschter-Molübung zum THeema Fussball
* Wierfelgeschichten zielen
* E Pokal gestalten * Lauschter-Verbann-Übung
* Fussballtrikoten a -shorten gestalten
* Extra Aarbechtsblad zum Theema Fussball-EM2024: Fändelen molen
* Extra Aarbechtsblad zum Theema Fussball-EM2024: Däitsch Stied androen
* Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidden Spiller oder als Tafelmaterial benotzt kënne ginn
* Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng Äntwert drop ginn
Am Material fannt dir 1 Deckblat, 12 Aarbechtsblieder, 1 Blat mat Biller fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen.
Ech wënschen iech vill Spaass domat !
Mat ganz léiwe Gréiss
give_them_wings
Bewertungen und Kommentare